Mir kenne selwer decidéiere wat mir wëllen iessen. Den Hond kann dat net, a fir mech ass et eis Pflicht si laang a gesond ze halen, an se sou natierlech wéi méiglech, an hire Besoin’en ugepasst, ze fidderen.

Mat RuffNature well ech iech d’Méiglechkeet ginn ären Hond gesond an natierlech ze ernieren. Hei kritt der näischt vun dem ech net selwer iwwerzeegt sinn, sief et an der Ernärung, am Beräich vun den Accessoirë fir den „Haushond“, oder och Material fir de Sporthond oder Aarbechtshond.

Dir hudd Froen, oder iech feelt eppes am Shop? Dann kontaktéiert eis