Main Numm ass Natascha, an ech wunne mat mengem Mann Marc, eisem Meedchen an eisen 3 Hënn, Lory, Tahnee a Yoshi zu Lelleg.

Nodeems ech 2010 mat der Hondsschoul, an 2014 mam Rettungshondssport ugefaangen hunn, hunn ech mech ëmmer méi och fir dat leiflecht Wuel vu mengen Hënn interesséiert. 2016 hunn ech ugefaang mat barfen.

Eisen däitsche Schéiferhond, de Limit, huet keen Dréchefudder sou 100% verdroen, a säin „Output“ huet eis guer net gefall. Et ass praktesch méi erauskomm wéi eragoung…

Ech hunn déi éischt Bicher gelies, ënner anerem vum Swanie Simon an Nadine Wolf an hu mech „do-it-yourself“ un déi éischt Barfpläng erugetraut.

Wéi ech mat Ziichten vu Labradoren ugefaang hunn, war et fir mech nëmme logesch och d’Welpen scho mat Barf opzezéien. Ech wollt och deene keen industriellt Fudder ginn. Dem Lory säi Barfplang hunn ech der Trächtegkeet ugepasst, also och do, mech ëmmer rëm weider informéiert, Bicher gelies, Webinare matgemaach.

Eise Beagle, de Charly, hat Epilepsie. Nodeems mer op Barf ëmgestallt hunn, a Substanzen am Fudder gemidden hunn déi Epilepsie-fördernd sinn, hat hien déi läscht 4 Joer vu sengem Liewe keng Kris méi. Mat bal 13 Joer huet hie Kriibs kritt, an erëm mat Hëllef vu klengen Upassungen am Fudder, konnte mir no der Diagnos nach 8 Méint mat him verbréngen, obwuel den Dokter gemengt hat, maximal 6 Méint wieren nach dran.

Sou sinn ech ëmmer méi an dat Thema Ernärung erakomm, an ech wollt ëmmer méi wëssen.

Laang hunn ech mam Gedanke gespillt d’Formatioun zum Ernärungsberoder ze maachen, mee et huet iergendwéi zäitlech ni richteg gepasst. Ugangs 2024 war et du souwäit, an ech hu beim Claudia vu Muppenlux, iwwert d’AFH, meng Ausbildung ugefaang an am Juni 2024 ofgeschloss.