„BARF“ steet fir „Biologisch Artgerechte Roh-Fütterung“, a bedeit domat déi natierlechst Ernärungsmethod fir Hënn ze sinn.

Eng Barf-Ratioun besteet am “Normal”-Fall, also ouni Erkrankung oder Allergie, aus 20-30% planzlechem Undeel (Uebst a Geméis) a 70-80% déiereschem Undeel.

Den Déiereschen Undeel gëtt nach eng Kéier ënnerdeelt a Muskelfleesch, Innereien a réi Schanken.

Well eleng des Ingredienten net duer gi fir sämtlech Närstoffer ofzedecken, kommen nach e puer Zousätz a Form vu Fësch-Ueleg a Séialgenmiel derbäi.

Jee no Besoin vum Hond kann een d’Fudder also ganz individuell upassen, an ech hëllefen Iech gär dobäi

Berodungspräisser

Muss ech dann elo all Dag kachen?

Nee, muss der net!

D’Fleesch kritt een entweder gefruer oder frësch, d’Uebst an d’Geméis kann een och afréieren.

Esou ginn et e puer Méiglechkeeten, an alles hänkt ëmmer individuell vun der alldeeglecher Situatioun oder och der Gréisst vum Hond of. Et kann een einfach e puer Schosselen am Frigo hunn, an alles all Dag „frësch“ mëschen, oder et mëscht ee fäerdeg Portioune fir e puer Deeg oder Wochen an et fréiert een se eenzel an.

Wat maachen ech an der Vakanz?

Och do hänkt et ëmmer vun der jeeweileger Situatioun of. Hotel, Wunneng, Camping? Kann ee sur Place akafen? Et gëtt vu fäerdeg Mixen iwwer alternativ Béchsen-Fudder bis zu „Dréchen“-Barf, oder engem gudden Dréchefudder. Fir all Hond ass eppes Passendes derbäi.