Zanter August 2024 sinn ech vum Ministère de l’Agriculture, de l’Alimentation et de la Viticulture attestéiert Experte en Cynotechnie (CYN 2024/03).

Mat menger laanger Erfarung als Sozialpädagog an Hondstrainer, kombinéiert mat der Aarbecht mat mengen zwee sozialpädagogesche Begleethënn, kann ech Mënsch-Hond-Equippen objektiv aschätzen a professionell beroden. Mäi Ziel ass et, d’Verbindung tëscht Mënsch an Hond optimal ze ënnerstëtzen an nohalteg ze stäerken.

Du brauchs eng Attestatioun vun engem Expert en Cynotechnie, fir däin Hond an der Schoul oder an engem sozialpädagogesche Kontext asetzen ze kënnen? Da bass du bei mir genau richteg!

An dëser Stonn analyséieren ech den Trainingsstand vun dengem Hond an iech zwee als Team, a ginn der Tipps fir d’Beräicher ze identifizéieren, déi nach verbessert kënne ginn. Du kriss individuell Empfeelungen an Tipps, wéi d‘Verhalen an d’Bezéiung mam Hond gestäerkt kënne ginn. Dëst ass keng formell Ausbildung, mee eng praktesch Evaluatioun fir ze gesinn, wou dir stitt an wat nach verbessert ka ginn.

Lieu: Terrain de dressage canin – Société du chien de Police et de Garde Junglinster/Graulinster

Dëst beinhalt eng Videoanalyse vun den Aktivitéiten, déis du wärend dem Stage an der Schoul mat dengem Hond gemaach hues. Duerno fënnt en Evaluatiounstest um Hondsterrain zu Grolënster statt, bei deem dem Hond seng Fäegkeeten an enger realer Situatioun getest ginn. Falls alles passt, kriss du duerno d‘„Attestation d’Aptitude en tant que Chien d’École“, déi der et erlaabt däin Hond mat an d’Schoul ze huelen.

Lieu: Terrain de dressage canin – Société du chien de Police et de Garde Junglinster/Graulinster

8. Mäerz um 11.30 Auer

26. Abrell um 11.30 Auer

14. Juni um 11.30 Auer

oder op individuell Ufro – min. 2 Mensch-Hond-Teams, soss Oppräis +20€

info@ruffnature.lu oder +352 691 348 083